Corona Virus

ONLINE WORKSHOP #ReAct #Covid19 – Nei Zousaz Hëllefen erkläert vum Wirtschaftsministère (Generaldirektioun vum Mëttelstand) an der Chambre de Commerce

Date
23.04.2020
Horaire
10:00 - 11:00

Am Kontext vun der Covid-19 Kris huet d'Generaldirektioun vum Mëttelstand vum Wirtschaftsministère zousätzlech Moossnamen a Platz gesat.

Nodeem si vill Moossname getraff hunn fir d'Entreprisen z'ënnerstëtzen, huet d'Regierung säi Stabiliséierungsprogramm ugepasst.

Dës nei Mesure gëllt als zousätzlech Ënnerstëtzung a Form vun enger net remboursabler Hëllef an den Uwendungsberäich vun den Aktivitéite gëtt erweidert.

Entdeckt mat der Generaldirektioun vum Mëttelstand vum Wirtschaftsministère ënner anerem dës nei Hëllef:

- D'Modalitéite vun dëser neier Moossnam

- Kandidatur Critèren a Konditioune

- Prozedur fir Demande anzereechen

Duerno kritt dir eng allgemëng Iwwersiicht iwwert all Mesuren déi a Plaz gesat sinn.

Umellen hei !

Fir Betriber ze ënnerstëtzen, deenen hir Aktivitéiten vun der Covid-19 Gesondheetskris betraff sinn, lancéiert d’House of Entrepreneurship vun der Chambre de Commerce de Projet "#ReAct". Zil ass et de Betriber no ze lauschteren, déi vun dëser Kris getraff sin, fir se besser ze verstoen wou se stinn, a zesummen mat hinnen ze schaffe fir e konkreten Aktiounsplang ze definéieren fir d‘Relance ze preparéieren an en gratis Accompagnement vun Experten ze offréieren.

Fannt hei méi Informatiounen : www.cc.lu/covid19/react

 

D’House of Entrepreneurship beäntwert och Är Froen iwwer verschidden Themen.

Helpline: 00352 42 39 39 - 445, Schaffdeeg, 9.00 bis 12.00 an 14.00-17.00

E-mail : covid19(at)houseofentrepreneurship.lu

House of Entrepreneurship
Ouvert du lundi au vendredi : 8h30 – 12h00 et 13h00 – 17h00
Tél : ( +352 ) 42 39 39 - 330
Email : info(at)houseofentrepreneurship.lu

Adresse physique
14, rue Erasme
L-1468 Luxembourg-Kirchberg
Plan d'accès

Adresse postale
BP 3056
L–1030 Luxembourg

Une initiative de

Chambre de Commerce Ministère de l'Économie

En partenariat avec

1535°, ADEM, Administration de l’Environnement, Chambre des Métiers, Digital Lëtzebuerg, guichet.lu, ITM, IPIL, LBAN, LBR, Luxinnovation, MC, nyuko, Paul Wurth InCub, SNCI, Technoport, Ministère des Affaires étrangères et européennes, Ministère de l’Agriculture, Ministère de la Santé, Ministère de la Fonction publique et de la Réforme administrative , CFUE, Betriber & Emwelt, LIST.

Et avec le soutien de nombreux acteurs