ONLINE WORKSHOP: « Aide coûts non couverts » présentéiert vun der Generaldirektioun fir Mëttelstand vum Wirtschaftsministère

Nodeems scho vill Hëllefsmoossnamen ëmgesat goufen fir d'Entreprisen z'ënnerstëtzen, adaptéiert d'Regierung hire Stabiliséierungsprogramm, je no der Evolutioun vun der Situatioun vun dëser Covid-19 Kris.
D'Chambre de Commerce mat der Chambre des Métiers bitt Iech an Zesummenaarbecht mat der Generaldirektioun vun de Mëttelklassen vum Wirtschaftsministère e Webinar un, deen Iech erlaabt e globalen Iwwerbléck iwwer dei nei Mesuren, déi d'Regierung a Plaz gesat huet, ze kréien a guidéiert Iech Schrëtt fir Schrëtt duech de Formulaire fir Demande iwwert guichet.lu auszefëllen.
Programm :
- Iwwersicht « Aide coûts non couverts »
- Iwwersicht vum Formulaire fir Demande Schrëtt fir Schrëtt
Pour la session en français, sous-titrée en anglais inscrivez-vous ici !
D'House of Entrepreneurship hëlleft Iech an Äerer Demande !
Helpline : +352 42 39 39 – 600
E-mail : covid19(at)houseofentrepreneurship.lu
Fannt weider Informationen : www.cc.lu/covid19
-----




